
Et sinn dramatesch Zeenen, déi sech an de leschten Deeg an Indien ofspillen, zanter d’Regierung de 24. Mäerz eng landeswäit Ausgangsspär fir 21 Deeg verhaangen huet. D’Aarbechter aus verschiddene Regiounen vum Land hunn, zanter d’Schantercher zou sinn, keng Aarbecht a keen doheem méi. Si probéiere verzweiwelt nees an hir Dierfer zeréckzekommen.
Riseg Mënschemasse hu sech ze Fouss op de Wee gemaach, den ëffentlechen Persounentransport gouf gestoppt. Eng sozial Distanz ass onméiglech. Déi meescht hunn deeglaang näischt méi giess. Leschte Samschdeg gouf deen éischten Doudeger ënnert de Wanderaarbechter gemellt. Hie war no 200 Kilometer op oppener Strooss zesummegaangen.
D’Regierung vun Uttar Pradesh huet annoncéiert, Busser an d’Grenz vun Dehli ze schécken, fir d’Mënschen Heem ze bréngen. Eng Koordinatioun ass awer quasi onméiglech, et ginn ze wéineg Busser. Och d’Regierung vun Dehli huet Hëllef ugebueden a medezinesch Ekippe sollen d’Leit ënnersichen, ier se an hir Dierfer gefouert ginn.
D’Aarbechterinnen an Aarbechter an der indescher Haaptstad liewen dacks an einfachen Hütten. Ouni Akommes kënne si hir Loyeren net méi bezuelen. En Däiwelskrees.
Et feelt och un den néidege Moyenen d’Leit z’informéieren.
An Indien ginn et mëttlerweil iwwer 1.000 confirméiert Corona-Fäll. Eng Donkelziffer. 27 Mënsche solle landeswäit u Covid-19 gestuerwe sinn.
