Brasilianesch PresidentiellenLula a Flávio Bolsonaro mussen an d'Stéchwal

Céline Eischen
Nom éischten Tour vun de Presidentiellen a Brasilien mussen den aktuelle President Lula an de riets-geriichte Flávio Bolsonaro, de Fils vum fréiere President Jair Bolsonaro, an d'Stéchwal.
Bei der Präsidentschaftswahl in Kolumbien haben es der rechtsgerichtete Senator Bolsonaro und der linksgerichtete Amtsinhaber Lula in die Stichwahl geschafft. In der ersten Runde kam Bolsonaro auf 47 Prozent, Lula landete mit 45 Prozent auf Platz zwei.
© AFP

Kee vun deenen zwee Kandidaten huet déi néideg absolut Majoritéit erreecht: Deemno kënnt de President Lula op 44,6% vun de Stëmmen an de Flávio Bolsonaro esouguer op 47,4%. De Walkampf a Brasilien ass staark polariséiert: De Lula steet fir eng sozial geriicht Politik mat méi ëffentlechen Investitiounen an engem méi staarke Staat. De Bolsonaro dogéint versprécht manner Depensen an ee méi strengt Virgoe géint d'Kriminalitéit.

De 25. Oktober, also an dräi Wochen, soll déi definitiv Entscheedung tëscht dem 80 Joer ale Lula an dem 45 Joer ale Bolsonaro falen: 159 Millioune Brasilianer sinn opgeruff, hir Stëmm ofzeginn.

Back to Top
CIM LOGO