
Um Dënschdeg steet fir de Macron eng Visitt bei Fleegepersonal zu Mulhouse um Programm, ier hie weider op Stroossbuerg reest. A béide Stied hat e Sonndeg de Jean-Luc Mélenchon déi meeschte Stëmme kritt.

Fir d’Marine Le Pen, déi sech jo och fir den 2. Tour qualifizéiert huet, stinn um Dënschdeg eng ganz Rei Interviewen am Agenda, genee wéi eng Pressekonferenz zum Thema Demokratie.
D’Marine Le Pen verdeedegt iwwerdeems weider de Rentenalter vun 62 Joer, ma wëll eng déifgräifend Reform vun den Institutioune lancéieren.
Ausserdeem soll déi sougenannt Priorité nationale an d’Verfassung geschriwwe ginn. Dee Moment hätten da just Bierger mat franséischer Nationalitéit Accès zu enger Rei Sozialleeschtungen.

