
De jonke Mann huet missen an d’Spidol ageliwwert a beotemt ginn. Dat geet aus enger Etüd ervir, déi en Dënschdeg am Fachmagazin “The Lancet Infectious Diseases” verëffentlecht gouf. De Fuerscher no hätt sech de Patient mat 2 verschiddene Variante vum Virus Sars-CoV-2 infizéiert.
4 weider Fäll aus der Belsch, Holland, Hongkong an Ecuador goufen am Kader vun dëser Etüd genannt, déi sech méi wéi eng Kéier ugestach hunn.
Et wier nach ëmmer net gewosst, wéi laang eng positiv geteste Persoun immun ass, sou de Mark Pandori, Haaptauteur vun der Etüd. Dowéinst wier et wichteg, dass jidderee weiderhin d’Virsiichtsmoossname respektéiert, dorënner d’physesch Distanz, Hännwäschen oder Mask undoen.
