Kamen (D)Mann mat Biesemsstill attackéiert, well hien Ofstand net agehalen huet

RTL Lëtzebuerg
An der Schlaang virun der Keess vun enger Drogerie koum et zu dëser Attack.
© Bild von MikesPhotos auf Pixabay

An Zäite vum Coronavirus passen d’Leit op villes besser op, ginn awer och zum Deel méi Paranoid. Esou dann och d’Situatioun an enger Drogerie zu Kamen an Nordrhein-Westfalen.

En 41 Joer ale Mann hat sech hei an der Schlaang vun der Keess e puer mol driwwer opgereegt, datt de Mann hannert him den Ofstand vun op d’mannst annerhallwem Meter, deen aktuell gefuerdert gëtt, net géif anhalen. Dësen huet awer keng Anstalte gemaach, no hannen ze goen. Doropshin huet de Täter iwwerreagéiert an huet dem Mann hannert him mat engem Biesemsstill, deen hien u sech kafe wollt, attackéiert.

Dat 46 Joer alt Affer koum mat liichte Blessuren an d’Spidol, géint den Täter leeft eng Enquête wéinst schwéierer Kierperverletzung.

Back to Top
CIM LOGO