DäitschlandManner Kontakter, méi Moossnamen an Hotspot-Regiounen

RTL Lëtzebuerg
An Däitschland gouf e Mëttwoch decidéiert, datt den Deel-Lockdown bis den 20. Dezember verlängert gëtt.
© AFP (Archiv)

Zanter Ufank November gëllt an Däitschland nees een Deel-Lockdown. Zanterhier wär et gelongen, fir déi exponentiell Hausse vun Infektiounen ze briechen, ma d’Zuele wären nach ëmmer ze héich an dofir huet ee sech op nei Mesurë gëeenegt. Dat huet d’Bundeskanzlerin e Mëttwoch den Owend, no enger Video-Konferenz mat de Ministerpresidente vun den eenzele Bundeslänner, op enger Pressekonferenz bekannt ginn.

D’Angela Merkel huet de Leit virop Merci gesot, datt si an de leschte Wochen d’Restriktioune esou gutt akzeptéiert hunn. Su huet gläichzäiteg kloer gemaach, datt een elo awer nach eng Kéier vill Kraaft géing brauchen. “Gedold, Solidaritéit an Disziplin ginn nach emol op eng haart Prouf gestallt.”

Um Mëttwoch gouf decidéiert, datt d’Mesurë vum November net opgehuewen, ma verlängert ginn. Si gëllen elo emol bis den 20. Dezember. Verschiddener wäerten duerno viraussiichtlech bis de Januar nach eng Kéier verlängert ginn.

Dat ëffentlecht Liewen bleift a groussen Deeler weider erofgefuer. Bis kuerz viru Chrëschtdag bleiwen deemno d’Hoteller, d’Restauranten an d’Fitnessstudioen zou. D’Finanzhëllefe ginn dofir eng weider Kéier verlängert.

Vun der Bundeskanzlerin war et dann och nach eng Kéier den Appell un d’Populatioun, datt et weiderhin u jiddereen ukënnt an datt net all zwéngende Kontakt weiderhi soll verhënnert ginn. Leit sollen, wann et méiglech ass, Doheem bleiwen.

Un d’Patronat war et den Appell all d’Méiglechkeeten ze notzen, fir datt d’Leit kënnen Homeoffice maachen.

Den Eenzelhandel bleift weiderhin op, ma dat awer ënner verschäerfte Restriktiounen. Esou däerf sech a Geschäfter héchstens eng Persoun op zéng Quadratmeter ophalen, wann de Buttek bis zu enger Verkafsfläch vun 800 Quadratmeter grouss ass. Béi méi grousse Geschäfter däerf sech nëmmen nach eng Persoun op 20 qm ophalen. Esou wëllt ee verhënneren, datt d’Geschäfter virun de Chrëschtdeeg ze voll sinn.

Och d’Kontakt-Beschränkunge ginn an den nächste Woche nach eng Kéier verschäerft. Nëmmen nach maximal fënnef Persounen aus zwee Stéit dierfe sech treffen - Kanner ënner 14 Joer ginn net matgezielt.

Fir d’Chrëschtdeeg hu sech d’Bundeskanzlerin an Ministerpresidente vun de Bundeslänner op Ausnam-Reegele gëeenegt, déi vum 23. Dezember bis den 1. Januar gëllen. Fir deen Zäitraum sinn nees méi perséinlech Kontakter erlaabt. Bei maximal 10 Leit ass awer Schluss.

D’Schoule bleiwen an Däitschland weiderhin op. Hei gëtt awer d’Maskeflicht intensivéiert. D’Unien sollen op digitale Cours ëmstellen.

Op déi traditionell Freedefeiere sollen d’Leit gréisstendeels ganz verzichten. Op ëffentleche Plazen a Stroosse ass d’Benotze vu Pyrotechnik ganz verbuede ginn, fir gréisser Usammlungen u Mënschen ze vermeiden.

Et hält een dann och weider un der Hotspot-Strategie fest. Hei ass ënnert anerem festgehalen, datt bei enger Inzidenz vun iwwer 50 Infektioune pro 100.000 Awunner zousätzlech Mesuren a Kraaft trieden. Wann et ganz extrem gëtt an de Wäert op iwwer 200 klëmmt, zu Berlin ass dat aktuell ënnert anerem de Fall, da soll iwwer weider Mesuren nogeduecht ginn.

Back to Top
CIM LOGO