
Wéi d’Police matdeelt, war de Bouf grad mat senger Mamm an engem Affekotebüro. Wéi d’Mamm net opgepasst huet, soll de Jong op d’Fënsterbänk geklommen an aus der Fënster gefall sinn.
Direkt ënnert dem Affekotebüro war och ee Kleedergeschäft mat enger Markis virun der Dier, déi de Jong “opgefaangen” huet. Och soll eng Kannerkutsch, déi zu dem Zäitpunkt grad zoufälleg laanscht gedréckt gouf, dem Bouf säi Stuerz ofgebremst hunn.
Polizisten, déi zoufälleg op der Plaz waren hunn doropshin eng Ambulanz fir de Jong geruff, mä dësen huet nëmme liicht Verletzungen dovugedroen. D’Kand an der Kutsch soll onverletzt bliwwe sinn.