
Scho guer net, wann ee just de Schal ronderëm wéckelt oder eppes selwer Gebitztes op huet. Et soll een eng Mask unhunn, déi den Numm och verdéngt, also eng FFP2-Mask, déi se an de Spideeler hunn. Eng Mask, déi ee selwer an anerer schützt, an net just iergendee „Läppchen“ virum Gesiicht, sou wéi d’Gesetz et gären hätt, seet den Dr. Montgomery. D’Politik misst elo fir FFP-Maske suergen an de Bierger där ginn, fënnt de Chef vun de Weltdokteren.
