DäitschlandMaskeflicht op verschiddene Plaze kéint bestoe bleiwen

RTL Lëtzebuerg
Enger representativer Ëmfro am Optrag vun der Bild am Sonntag no wier och eng Majoritéit an der Populatioun fir eng Verlängerung vun der Maskeflicht.

An Däitschland sollen de Gros vun de Corona-Mesuren den 20. Mäerz ofgeschaaft ginn. Et gesäit awer sou aus, wéi wann d’Maskeflicht op verschiddenen ëffentleche Plaze géing bleiwen. Dem SPD-Fraktiounschef Rolf Mützenich no misst ee Mesurë bäibehalen, déi net massiv an d’Liewe vum Eenzelnen agräifen. D’Mask, besonnesch d’FFP2-Mask hätt sech bewäert, fir Infektiounen am ëffentleche Raum ze verhënneren, sou de Mützenich géigeniwwer den Zeitunge vun der Funke Mediengruppe. Och d’FDP schéngt bereet ze sinn, mat op dee Wee ze goen.

Enger representativer Ëmfro am Optrag vun der Bild am Sonntag no wier och eng Majoritéit an der Populatioun fir eng Verlängerung vun der Maskeflicht. Gutt d’Hallschent vun den Däitschen hunn deemno souguer Wëlles, d’Maske weider unzedoen, och wann et keng Obligatioun méi géing ginn, zum Beispill am ëffentlechen Transport oder am Eenzelhandel.

Back to Top
CIM LOGO