
Tëscht Enn Februar bis Enn Mäerz gouf et knapps 940.000 Demandë fir eng Sécherheets-Iwwerpréiwung vu potentiellen neie Waffe-Keefer.
Dat ass den héchste Wäert zanter 1998.
All Bierger, deen an den USA eng Waff kafe wëll, muss en entspriechende Formulaire ausfëllen, wou beispillsweis no Virstrofe gefrot gëtt, an deen da vum FBI iwwerpréift gëtt.
