Marokko / AgadirMat 50,4 Grad gouf en neien Hëtztrekord gemooss

RTL Lëtzebuerg
Am Mëttelmierraum maachen déi waarm Temperature weiderhi keng Paus.

A Marokko ass elo en neien Allzäit-Hëtztrekord gemooss ginn.

Zu Agadir goufen e Freideg 50,4 Grad Celsius registréiert, dat huet de lokale Wiederdéngscht e Sonndeg confirméiert.

Et ass fir d’éischt iwwerhaapt, dass d’Grenz vun de 50 Grad domadder geknackt gouf.

Am Norde vum Marokko sinn iwwerdeems weider Bëschbränn amgaang, déi duerch dat dréchent Wieder begënschtegt ginn. Fir Mëtt der Woch ass awer den éischte Reen zanter Woche virausgesot.

Tierkei

6 Méint no de mäerdereschen Äerdbiewen am Oste vun der Tierkei maachen och do Temperature vun ëm 45 Grad aktuell de Leit ze Schafen.

Vill vun hinne liewe weiderhi just an Noutzelter oder a Container. Fir dës ganz Woch ass och keng Besserung a Siicht.

Back to Top
CIM LOGO