
“Hënn a Kazen hunn eng vill méi enk Bezéiung zum Mënsch opgebaut wéi all anert Déier”, sou d’Erklärung vu Shenzhen. “De Verbuet entsprécht och der Fuerderung an dem Geescht vun der mënschlecher Zivilisatioun”.
Den Ursprong vum Coronavirus soll op engem Déieremaart an der Milliounemetropol Wuhan entstane sinn, op deem op Wëll Déiere fir de Konsum verkaf gi sinn. Wëssenschaftler ginn dovun aus, dass de Virus vum Déier op de Mënsch iwwerdroe gouf.