Briefing vu Robert-Koch-InstitutMoossname wierken, eriwwer wier et awer nach net

RTL Lëtzebuerg
E Méindeg de Moien huet de RKI zu Berlin an engem Briefing virun der Press déi ablécklech Situatioun ronderëm de Covid-19 an Däitschland kommentéiert.

D’Zuel vun Neiinfektioune vum Coronavirus ass an Däitschland deemno iwwer d’Ouschterdeeg zeréckgaangen. Dat huet de President vum Robert-Koch-Institut, de Prof. Dr. Lothar Wieler, e Méindeg de Moie gesot.

Allerdéngs wier och iwwer d’Feierdeeg insgesamt manner getest ginn, et misst een d’Situatioun deemno weider am A behalen, ma et kéint een awer duerchaus positiv Tendenze beobachten, sou de Prof. Dr. Wieler weider. Esou géing et also den Ament dono ausgesinn, wéi wann een d’Grippen- an d’Covid-19-Well entkoppelt kritt hätt. Ma och wann d’Zuele sech op engem héijen Niveau agependelt hätten, géif et (nach) keen eendeitegen Trend no ënne ginn.

Insgesamt géifen et den Ablack bei eisen däitschen Noperen awer adequat Behandlungskapazitéite ginn, d’Spideeler hätten duerch de Réckgang vun der Zuel u Patienten elo och nees méi Kapazitéite fir Mënschen, déi opgrond vum neie Virus intensiv Soine bräichten - Enkpäss wieren also net ze fäerten.

“Je größer die Disziplin, desto schöner die Belohnung.”

Am Briefing huet de Wëssenschaftler dann nach emol dorun appelléiert, am Confinement net nozeginn a sech weider un d’Schutzmoossname wéi de Sécherheetsofstand an déi elementaarsten Hygiènesreegelen ze halen.

Back to Top
CIM LOGO