
D’Päss solle vun e Mëttwoch un asazbereet sinn, esou déi russesch Autoritéiten. E sou e Schäi brauch all Bierger, dee mam Auto oder dem ëffentlechen Transport wärend dem Confinement ënnerwee ass. Falls et sollt gebraucht ginn, kann de System och esou ausgebaut ginn, dass Beweegunge vun enger Persoun a senger Noperschaft ka kontrolléiert ginn.
Ufanks war geplangt, wier de Leit vu Moskau Barcoden ze ginn, fir z’iwwerpréiwen, op sech un d’Reegele gehale ginn. Mam Passéierschäi gouf awer méi eng praktesch Léisung zeréckbehalen.
A Russland koumen an engem Dag 2.558 Nei-Infektiounen dobäi, sou vill wéi bis elo nach ni a Russland. Domadder läit een elo bei am Ganzen 18.328 Fäll. D’Zuel vun den Doudege klëmmt vun 18 op 148.