Lëtzebuerger Dokter am Elsass"Nach vill schwéier Deeg virun eis"

Jeannot Ries
Zanter engen 30 Joer Generalist an der Elsässescher Stad Sélestat, huet den John Lenertz direkt materlieft, wéi d'Epidemie ausser Kontroll geroden ass.
Lëtzebuerger Dokter am Elsass
Zanter engen 30 Joer Generalist an der Elsässescher Stad Sélestat, huet den John Lenertz direkt materlieft, wéi d’Epidemie ausser Kontroll geroden ass.

A senger Praxis an als Dokter bei de Pompjeeën am Noutdéngscht. Zanter knapp engem Mount ass de Lëtzebuerger Dokter all Dag ronn 15 bis 16 Stonnen am Asaz.

Um Ursprong steet am Elsass eng Versammlung vun der evangelescher Kierch, mat iwwer 2.000 Gleeweger. Wat erkläert, firwat d’Zuel u Covid-19 sou séier explodéiert ass. Firwat Dokteren a Klinicken aus der Regioun sou séier iwwerlaf goufen.

Den Héichpunkt wier nach net erreecht, ma d’Spideeler wieren elo schonns immens iwwerfëllt. Vill Leit géifen dowéinst nees heemgeschéckt ginn, dat an deels och schlechte Konditiounen, well am Spidol einfach keng Plaz méi ass.

Am Spidol vu Sélestin sinn 130 Better vun 231 mat Corona-Patiente beluecht. Patienten, déi sech nach net erholl hunn, ginn esouguer mat Sauerstoff heemgeschéckt, fir Plaz fir nei Fäll ze maachen. “D’Situatioun ass dramatesch”, esou den John Lenertz. Eng 660 Doudeg bannent engem Mount am Grand Est. Iwwer 3.600 Leit a Klinicken. Eng 747 Intensivbetter vun 900, déi beluecht sinn: Just d’Spëtzt vum Äisbierg.

Sämtlech Generaliste gesi praktesch pro Consultatioun 10 bis 12 Leit, déi och krank sinn an déi net getest ginn, well et lauter där liichter Fäll sinn, déi awer d’Krankheet weider droen. Ongeféier een op 10, een op 15, schécke mer an d’Spidol, well en einfach desequilibréiert ass.

Bei Consultatioune géif een ëmmer nees Leit gesinn, déi Symptomer hunn, ma se kéinten net all getest ginn, deemno kënnen déi Persounen de Virus méiglecherweis weider droen.

Am Grand Est gi keng sougenannt “licht Fäll” méi getest. Wat net heescht, dass d’Leit de Virus a seng Symptomer sollen op d’liicht Schëller huelen. Symptomer, déi kloer evoluéiere géifen, sou den John Lenertz. Wie sech net gutt spiert, soll direkt reagéieren. Et kéint nämlech op eemol ganz séier goen, och wann een am Ufank nëmme wéineg Symptomer huet.

Et sinn der, déi ganz einfach nëmmen e wéineg Halswéi hunn, am Ufank; oder e bëssen digestiv Probleemer. Dat kënnt elo och nach derbäi. Dat si Symptomer, déi eréischt viru kuerzer Zäit opgetruede sinn, déi ee villäicht net sou dorëmmer kennt.”

Dofir den Appell vum Dokter aus der Krise-Regioun eraus: just aus dem Haus goen, wann et muss sinn. Am Elsass géif de “Confinement” respektéiert ginn, well d’Leit verstanen hätten, wat um Spill steet.

Et ass wuel esou, datt mer an der klenger Stad, wou mer hei sëtzen, bannent der nächster Woch oder den nächsten 10 Deeg un den Héichpunkt kommen. Bis dohin hu mer nach vill schwéier Deeg virun eis.”, sou nach de John Lenertz.

De kompletten Interview mam John Lenertz
De Lëtzebuerger Dokter ass am Elsass am Asaz.

Back to Top
CIM LOGO