WHONächst Wochen dierften an Europa decisive ginn

Claude Zeimetz
A ville Länner géifen et positiv Zeeche ginn, ma et géif keng Victoire géint Covid-19 ginn.

Den europäesche Büro vun der Weltgesondheetsorganisatioun geet dovunner aus, datt déi nächst Wochen an der Lutte géint de Virus decisiv fir Europa sinn.

Et géif positiv Zeechen an de Länner déi besonnesch staark betraff sinn, wéi Spuenien, Italien, Däitschland an der Schwäiz. Et misst een awer jidderengem kloer maachen, datt et keng séier Victoire géint de Covid-19 gëtt, sou den europäesche Regionaldirekter Hans Kluge.

Och wann op enger Rei Plazen d’Zuel vun den neien Infektiounen zeréck ginn, hätten aner Länner nach de vollen Ausmooss vun der Coronakris viru sech.

Back to Top
CIM LOGO