CoronavirusNei Test-Strategie an Éisträich

RTL Lëtzebuerg
Vum 1. Abrëll u kënnen Éisträicherinnen an Éisträicher net méi gratis an den Apdikten am Land e PCR-Test maachen.
© AFP (Archiv)

Korrespondenz aus Éisträisch vum Anja Gorge

Pro Mount sti jidderengem och just nach fënnef Covid-Tester zur Verfügung. All Bundesland geet hei en eegene Wee. En neie Mount steet virun der Dier an do soll elo an Éisträich manner getest ginn. Konnt ee bis ewell gratis esou vill Antigen- a PCR-Tester maachen, wéi a wou ee wollt, soll vum nächste Freideg un dat Ganzt massiv limitéiert ginn. An den Tiroler Apdikte kënnen d’Leit da kee PCR-Resultat méi kréien, just nach Antigen-Schnelltester fir doheem. De PCR-Test gëtt awer net ofgeschaaft, et huet ee sech just am Land Tirol fir eng aner Test Aart a Weis entscheet, de sougenannten „Gurgeltest“. Hei muss ee sech fir d’éischt online registréieren resp. eng App eroflueden, fir dann un déi Hand voll Tester ze kommen, déi engem pro Mount zur Verfügung stinn: Weist een an der Kees vum Supermarché de Code vun der App, kann een dës siche goen. Agehäit gi se dono och erëm sur place, meeschtens an enger Këscht bei der Entrée vun deene Supermarchéen, déi bei der Testaktioun matmaachen.

Besonnesch fir eeler Läit wier déi nei Testmesure awer eng grouss Erausfuerderung, fënnt d’Cheffin vun der Apdikt St. Georg zu Neustift am Stubaital. An der Apdikt hätt ee sech ganz gutt kënnen ëm déi Leit këmmeren, déi kee Smartphone respektiv kee Computer kéinte benotzen an et hätt een hinnen hir Resultater einfach klassesch op engem Ziedel matginn.

Ausserdeem gesäit d’Apdiktesch Brigitte Elmenreich ee grousse Probleem bei där Method.

Da ist ein gewisses Maß an Manipulationsmöglichkeiten gegeben, sprich, es kann ein Positiver für mehrere Leute gurgeln, da wird dann allerdings ein nochmaliger PCR-Test mit Abstrich gefordert bei der Teststraße, um diese Machenschaften hintanzuhalten, aber es geht genau so negativ, wenn ich positiv bin, dann lasse ich wen andern gurgeln und gebe den ab. Das wird nicht überprüft. Da habe ich wesentlich mehr Schlupflöcher als wenn ich in einer Teststraße, in einer Apotheke oder sonst wo bin.”

Den Direkter vum Corona-Krisestab an Tirol, den Elmar Rizzoli, huet am Interview mam ORF schonns ugekënnegt, dass ee géif un engem neien Testsystem schaffen, wou d’Unzuel un Tester kéint kontrolléiert ginn, wat awer och fir déi net digital Generatioun méi praktikabel wier.

De Fazit zum Corona-Management fält alles an allem net gutt aus.

„Es ist ein Eiertanz, es ist ein Hin- und Herhüpfen mit den Regelungen, es ist eine Woche so, die nächste wieder Geschichte. Es gibt tausend Expertengremien, auf die wird aber nicht gehört. Katastrophe, schlicht und einfach. Katastrophe, das Management“, sou d’Chefapdiktesch Brigitte Elmenreich.

An de leschte Woche gouf et vill Hin an Hier bei de Mesuren an Éisträich. Bannena gëllt zënter en Donneschdeg bal iwwerall erëm d’Maskeflicht ausser doheem, beim Iessen an Drénken am Restaurant oder fir Leit, déi Theater spillen resp. Musek maachen. Vun 100 Leit un huet een an den Diskoen a Caféen de Choix tëscht 3G oder Mask. Ma d’Quarantänreegele goufe gelackert: Sou dierf ee beispillsweis, wann ee positiv ass, nom 5. Dag vun der Quarantän mat enger FFP2-Mask erëm schaffe goen.

Back to Top
CIM LOGO