HoffnungNeiséiland an Australien melle Réckgang bei Neiinfektiounen

RTL Lëtzebuerg
Déi strikt Moossname schénge gehollef ze hunn. De Ministère an Neiséiland mellt just 48 nei Fäll. D'Gesamtzuel vu positiven Infektioune läit domat bei 872.

Just ee Mënsch wier an Neiséiland gestuerwen.

Déi fréi Reaktioun an dat haart Duerchgräife schénge funktionéiert ze hunn, sou d’Regierungscheffin Jacinda Ardern. “Och wann d’Virschrëften allgemeng gutt agehale ginn, ginn et ëmmer nach e puer, déi ech häerzlech gär als Idiote bezeechne kann”.

Och an Australien verbreet sech de Coronavirus manner séier. Bannent 24 Stonne goufen zwar bis e Sonndeg de Moien 181 nei Fäll gemellt, op elo 5.636 am Ganzen. Den Dagesinfektiounstaux läit domat awer ënner 5%. Mëtt Mäerz war den Taux 5 Mol méi héich. D’Zuel vun Doudesfäll duerch de Covid-19 ass ëm 4 op elo 34 geklommen.

Back to Top
CIM LOGO