
Dat geet aus engem Rapport vun der WHO ervir, deen e Méindeg public gemaach gouf.
Zanter e puer Joer géing den Undeel u Fëmmerten op der Welt zréckgoen. Esou hunn 2007 nach ronn 22,8 Prozent vun de Mënsche gefëmmt, wougéint den Undeel u Fëmmerten am Joer 2021 just nach bei 17 Prozent louch. “Lues awer sécher ginn ëmmer méi Mënsche virun de Schied vum Tubak geschützt”, hat de WHO-Chef Tedros Adhanom Ghebreyesus deemools erkläert.
8 Länner wieren dem Rapport no nëmmen nach eng politesch Mesure dovun ewech, sech de Spëtzereider der Tubakskontroll unzeschléissen: Dorënner d’EU-Länner Irland a Spuenien, grad ewéi Äthiopien, den Iran, Jordanien, Madagaskar, Mexiko an Neiséiland.
Trotzdeem bleift d’Fëmmen eng vun den heefegsten Doudesursaachen, déi evitéiert kënne ginn. All Joer stierwen 8,7 Millioune Mënschen un de Suitte vum Konsum vun Tubak, dorënner 1,3 Milliounen duerch Passivfëmmen. An 53 Länner ass d’Fëmmen a Gesondheetsstrukturen nach ëmmer net ganz verbueden, wat de Rüdiger Krech, Direkter fir Gesondheetsfërderung vun der WHO, als “komplett inacceptabel” kritiséiert huet.
Doriwwer eraus huet d’Tubak-Industrie sech mat neie Produiten diversifizéiert an ass weiderhin um Wuessen: Fir 2023 gëtt mat engem Joresëmsaz vum Secteur vun 940 Milliarden Dollar gerechent. Mat Produite wéi E-Zigaretten viséiert d’Industrie dem Rüdiger Krech no virun allem Mannerjäreger, “fir si nikotinofhängeg ze maachen”.