
D’Fra an d’Kand sinn un de Suitte vun engem Gëftstoff gestuerwen. Déi 28 Joer al Fra war duerch multipelt Organversoen verscheet, nodeems si eng Glucose-Mëschung aus enger Apdikt vu Köln ageholl hat. Dës Mëschung ass Deel vun engem Routine-Test op Diabetis wärend der Schwangerschaft.
Dokteren haten nach probéiert d’Kand duerch en Cesarienne ze retten. Fir de Puppelchen koum all Hëllef ze spéit.
De Chef vun der Police vu Köln sot, dass een alles géif maachen, fir dëse schrecklechen Tëschefall opzeklären. Eng Mordkommissioun wier den Ament am Gaangen an all Richtungen ze enquêtéieren. Bis ewell ass net gewosst, ob et sech ëm een Accident handelt, oder ob bewosst gehandelt gouf.
Wéi et heescht, wiere schonn eng ganz Partie Beweiser séchergestallt ginn. Eng Obduktioun vum Kand soll weider Informatioune liwweren. Et ass och net gewosst, ob weider Mëschungen, déi vergëft sinn, am Ëmlaf sinn.
D’Police an d’Stad Köln hu virdru gewarnt, Substanze mat Glucose anzehuelen, déi an där betraffener Apdikt zu Köln zesummegemëscht goufen. Eng aner Fra hat den Diabetistest aus der selwechter Apdikt och gemaach, deen awer ofgebrach, well d’Glucose komesch geschmaacht hat. Bei hir goufen et och Symptomer.