Dausende Mënschen evakuéiertNo Méint hunn d'Bëschbränn a Kanada nees un Intensitéit a Kraaft zougeluecht

RTL Lëtzebuerg
Wéinst de schroe Bëschbränn a méi ofgeleeë Gebidder an Nordkanada hunn d'Autoritéiten honnerte Mënschen a Sécherheet bruecht.
© AFP

Déi gréisste Stad vum kanadeschen Norden, Yellowknife, soll en Donneschdeg komplett evakuéiert ginn, well eng Feierwalz geféierlech no un d’Wunngebidder erukomm ass. Bis e Freideg de Mëtteg sollen 20.000 Residenten hir Wunnenge verloossen. Fir d’Stad um grousse Slave Lake gouf den Noutstand ausgeruff. Eenzel dënn besidelt Wunngebidder ronderëm Yellowknife goufe schonn opginn. “Mir sinn an enger Krisesituatioun an eis Regierung notzt all verfügbar Instrumenter, fir ze hëllefen”, sou den Ëmweltminister vun den Nordwest-Territoiren, de Shane Thompson. D’Lag géing sech stänneg änneren an deementspriechend missten d’Strategië séier op der Plaz ugepasst ginn.

Den Ament ginn et eleng op den Nordwest-Territoirë ronn 230 Bränn. Eng 6.000 Mënsche sollen do evakuéiert ginn. Dat sinn ongeféier 15% vun der Bevëlkerung do a fir vill vun hinnen ass et schonn déi zweete Kéier bannent Méint, dass si hir Haiser hu misse verloossen.

An e puer vun de betraffene Gebidder ware Pompjeeë forcéiert, sech zeréckzezéien. Staark Loft hunn d’Flamen nach méi ugestëppelt. Dat klengt Duerf Enterprise gouf sou gutt wéi komplett vum Feier zerstéiert.

Déi Dierfer, déi méi wäit vuneneen ewech leien, wiere “besonnesch schwiereg” um Landwee z’evakuéieren. Dowéinst wieren elo 120 Zaldoten am Asaz, déi d’Evakuatioune sollen ënnerstëtzen. Vill Mënsche ginn deemno mat Militärfligeren a Sécherheet bruecht.

© AFP

Zanter dem Ufank vun der aussergewéinlecher Bëschbrand-Saison dëst Joer hu bal 168.000 Mënschen a Kanada missen aus hirem Doheem eraus. Véier Mënsche sinn ëm d’Liewe komm. Landeswäit sinn en Dënschdeg nach knapp 1.100 aktiv Bränn gezielt ginn. Dës ënner Kontroll ze kréien, war och an der Provënz British Columbia nëmme schwéier. Do gouf et jo nees eng Canicule, mat Temperature vu bis zu 40 Grad.

Back to Top
CIM LOGO