
No Donnéeë vu Japan hätt Nordkorea um Mëttwoch de Moie Lokalzäit zwou ballistesch Rakéiten iwwert dem Japanesche Mier ofgeschoss. De südkoreanesche Militär hat Uganks vun op d’mannst enger Rakéit geschwat, déi ongeféier 450 Kilometer wäit geflu wier. Wéi et vu Seoul heescht, kéint Nordkorea eng ballistesch Rakéit vun engem U-Boot aus ofgeschoss hunn.
De japanesche Premier Shinzo Abe huet Nordkorea reprochéiert, mat dësem Rakéitentest géint d’Resolutioune vum UN-Sécherheetsrot verstouss ze hunn.