Schwéiere JustiziertumNorweger no bal 21 Joer Prisong vun alle Virwërf fräigesprach

RTL Lëtzebuerg
E Freideg huet den norwegesche Parquet sämtlech Virwërf géint e Mann fale gelooss, dee wéinst Vergewaltegung a Mord vun 2 Meedercher am Prisong souz.
© AFP Archivbild

D’Medie schwätze vun engem vun de schwéiersten, wann net souguer dem schwéierste Justiziertum an der jéngster Geschicht vum Land. Den antëscht 43 Joer ale Viggo Kristiansen war bal 21 Joer onschëlleg am Prisong. De Procureur général Jörn Sigurd Maurud huet sech ausdrécklech fir déi “begaangen Ongerechtegkeet” entschëllegt. Och d’Policeféierung, souwéi de Policebezierk, deen d’Ermëttlunge geleet hat, hu sech entschëllegt.

De Fall hat Norwegen zudéifst schockéiert: Am Mee 2000 goufen d’Läiche vum 8 Joer ale Stine Sofie Sörströnen an dem 10 Joer ale Lena Slögedal Paulsen fonnt. Si waren no enger Visitt vum Séi am Fräizäitgebitt Baneheia an der Géigend vu Kristiansand vergewaltegt an ëmbruecht ginn. Zwee Männer waren deemools festgeholl ginn: De Jan Helge Andersen an de Viggo Kristiansen.

Obschonn de Kristiansen ëmmer nees seng Onschold betount huet, gouf hie wéinst den Aussoe vum Matugekloten Andersen an zwou Instanzen 2001 an 2002 mat der deemoleger Héchststrof vun 21 Joer Prisong verurteelt.

Wéi de Fall d’lescht Joer nees opgeholl gouf, koumen awer eminent Zweiwel op um Andersen sengen Aussoen, dee säi Frënd schwéier belaascht hat a wéinst senger Zesummenaarbecht mat der Police awer eng manner schlëmm Strof vun 19 Joer Prisong kritt hat. D’DNA-Beweiser hu géint d’Thees vun e puer Täter geschwat, donieft war dem Kristiansen säin Handy zum presuméierten Zäitpunkt vum Verbrieche wäit vun där Plaz ewech, wou d’Läiche fonnt goufen.

De Kristiansen gouf wéi gesot direkt aus dem Prisong entlooss.
De Fall hat fir hien immens tragesch Suitten, deen iwwer 20 Joer ofgesat huet an domat de gréissten Deel vu sengem Liewen agespaart war. Suitten och fir seng Familljememberen, sou de Procureur Mauraud géintiwwer Journalisten, dee gläichzäiteg och weider Ermëttlunge géint den Andersen annoncéiert huet.

Zwar steet den offizielle Fräisproch viru Geriicht nach aus, ma heibäi handelt et sech just nach ëm eng Formalitéit. Den 43 Joer alen zu onrecht Ugeklote kéint sengem Affekot no ëmgerechent iwwer 3 Milliounen Euro vum norwegesche Staat fuerderen, “fir dat nees guttzemaachen”.

D’Justizministesch Emilie Enger Mehl huet eng onofhängeg Ënnersichung wéinst méiglechem Versoe vu Police a Justiz ugekënnegt. Sollt de Kristiansen tatsächlech vum Appellsgeriicht fräigesprach ginn, wier de Fall ee vun de “gréisste Justizskandaler”.

Back to Top
CIM LOGO