De Krich an der Ukrain um FreidegNuklear Menace duerch Ugrëff op Atomzentral an Zivilisten am Viséier

Petz Bartz
Den néngten Dag vun der Invasioun: Et ware Stonnen an der Nuecht op e Freideg, an deene virun allem Europa den Otem ugehalen huet.
De Krich an der Ukrain um Freideg
Den aachten Dag vun der Invasioun: Et ware Stonnen an der Nuecht op e Freideg, an deene virun allem Europa den Otem ugehalen huet.

Ni virdru gouf et e Krich mat schwéieren arméierten Ausenanersetzunge ronderëm en Atomkraaftwierk – dobäi och nach dat gréisst a ganz Europa. Bei der Schluecht si Gebaier ronderëm d’Wierk a Brand geroden. Mëttlerweil ass d’Zentral vu Saporischschja ënner russescher Kontroll. De Resumé vun den tragesche leschte 24 Stonnen aus der Ukrain.

Nukleare Katastrophenzeenario?

Ni virdru stoung eng Atomzentral engem Krich am Wee. Glécklecherweis waren et net d’Reaktere selwer, déi a Flame stoungen, mee just en administratiivt Gebai dovun. Mä d’Bombardementer an onmëttelbarer Ëmgéigend vun esou enger sensibeler Infrastruktur goufen international condamnéiert. D’Zentral vu Saporischschja zu Enerhodar ass intakt, awer gëtt elo vu Russland kontrolléiert. Si liwwert 25 Prozent vum Stroum am Reseau vum Land.

De Raphael Grossi vun der Internationaler Atomenergie-Agence zu Wien:

“Natierlech si mer glécklech, dass keng Stralung fräigesat gouf an dass d’Reakteren net kompromettéiert sinn. Mee mir sinn ons eens um Prinzip, dass dat do net geet. A mir als IAEA mussen ons duerfir asetzen.”

Duerch d’Attack op d’Atomzentral gouf e Freideg awer och däitlech, dass Moskau ëmmer méi ofrëtscht an en Informatiounskrich – e sougenanntent “Blame game” aus enger Parallelwelt. Dem Spriecher vum russesche Militär no hätten d’Ukrainer selwer d’Zentral attackéiert fir de Russen d’Schold ze ginn un engem nukleare Virfall.

Neit Gesetz geet géint Kreml-Kritiker vir

An der Duma, dem russesche Parlament zu Moskau, gouf E Freideg e Gesetz duerchgewénkt, an deem 15 Joer Prisong virgesi si fir Leit, deen Informatiounen iwwert de russesche Militär a Russland verbreet, déi net dem offizielle Kreml-Narrativ entspriechen. Et wëllt ee mat alle Mëttele verhënneren, dass déi ganz Ëffentlechkeet a Russland d’Ausmooss vun de Krichsverbriechen, déi an hirem Numm duerchgefouert gi, gewuer gëtt.

Zivilisten am Viséier

Déi Verbrieche ginn allerdéngs weider. Dat hei si Biller aus der Uertschaft Borodyanka, 30 Kilometer nordwestlech vun der Haaptstad Kiew, aus deenen däitlech ervirgeet, dass normal post-sowjetesch Wunnbléck vun Ziviliste fir déi russesch Krichsféierung op eemol zu strategeschen Ziler ginn, déi mussen “Nazi-fräi” geschoss ginn.

E Wunngebai zu Borodyanka.
E Wunngebai zu Borodyanka.
© Afp

Wat kann Diplomatie nach erreechen an engem Klima, wou den arméierte Konflikt ronderëm d’Auer ausgedroe gëtt an Ziviliste viséiert ginn? An de nächsten Deeg plangen Delegatioune vu béide Parteien sech trotzdeem eng drëtte Kéier ze gesinn.

Grouss Firme loosse Russland falen

A Russland iwwerdeems gëtt d’Schrauf vun de Sanktiounen nach eemol e Krack eropgedréit. IKEA mécht all seng Geschäfter zou a Microsoft verkeeft keng nei Lizenzen a stoppt och Upgrades vun ale Systemer. A Washington huet elo 50 Putin-trei Oligarchen op d’"Persona non grata"-Lëscht vun den USA gesat ginn. D’Visa-Restriktiounen hunn Auswierkungen allkéiers op hir ganz Familljen.

D’Hannergrënn iwwert de Krich an der Ukrain kuerz erkläert

Back to Top
CIM LOGO