
Si souzen an engem winzeg klengen iwwerfëllte Schlauchboot, heescht vun der Organisatioun SOS Méditerranée. Domat wieren elo 182 Migranten u Bord vun der “Ocean Viking”. Si misste sou séier wéi méiglech kënnen u Land goen, twittert d’Hëllefsorganisatioun.
D’Rettungsschëff hat de Weekend 82 Persounen, déi am Mëttelmier gerett gi waren, op Lampedusa bruecht. Dat gëtt als Zeeche vun enger Ännerung vun der italienescher Flüchtlingspolitik interpretéiert. Lëtzebuerg ass eent vu fënnef Länner, déi di betraffe Flüchtlingen bei sech ophuelen. Nieft dem Grand-Duché sinn et Frankräich, Däitschland, Italien a Portugal.