Energiepräisser zéien unOch a Spuenien dominéiert de Krich an der Ukrain d'Aktualitéit

RTL Lëtzebuerg
An de leschten Deeg goufen a ganz Spuenien Spenden- a soss Hëllefaktioune fir d’Leit an der Ukrain organiséiert.

Et gouf och militärescht Material an d’Ukrain geschéckt, a scho virun der Invasioun hat Spuenien als NATO-Land Fligeren a Bulgarien stationéiert. Déi national a regional Autoritéiten hu Pläng an Infrastrukture virbereet, fir Flüchtlingen opzehuelen, an och ukraineschen Touristen, déi wärend hirer Vakanz a Spuenien vun der Situatioun doheem iwwerrascht goufen, gëtt logistesch a psychologesch gehollef.

Korrespondenz aus Spuenien vum Jeff Cardarelli

Op wirtschaftlechem Plang kritt een awer och a Spuenien déi éischt Suitte vum Konflikt ze spieren. Zwar ass Russland kee wierklech wichtegen Handelspartner vu Spuenien an och d’russesch Touristen, déi dëst Joer ausbleiwen dierften, fale mat manner ewéi 2% kaum an d’Gewiicht. Wou een op der iberescher Hallefinsel awer d’Konsequenze mierkt, ass, ewéi och soss an Europa, bei den Energiepräisser.

De Stroum ass bal 10 Mol esou deier ewéi nach virun engem Joer, an domat op engem historeschen Héichpunkt. Och wann e Groussdeel vum spuenesche Gas aus Algerien kënnt, an d’Importer aus Russland nëmmen eng 10% ausmaachen, ass och de spueneschen Energiepräis un d’international Marchéë gebonnen a bleift sou net vun enger Hausse verschount. Dat an engem Land, wou déi héich Stroumpräisser, déi zu den deiersten an Europa gehéieren, schonn zënter méi laangem an de Noriichte sinn.

Och op der Pompel mierkt een eng spierbar Hausse. Den 98er Bensin ass bei ronn 2 Euro ukomm, du jamais vu a Spuenien. Virun engem Joer louch de Präis nach ënnert 1.50€. D’Camionschaufferen hunn elo landeswäit an illimitéiert Streikaktioune fir dëse Mount ugekënnegt, fir esou ënner anerem géint déi héich Präisser ze protestéieren. Politiker an Economiste weise sech sou dann och besuergt wéinst de potentielle wirtschaftleche Konsequenzen vun dëser Präisdeierecht. D’Joresinflatioun louch am Februar bei iwwer 7%, dat an enger Wirtschaft, déi zënter der Pandemie op wackelege Been steet.

Mee och politesch mierkt een éischt Tensiounen tëscht de Regierungsparteien. D’Lénkspartei Podemos war nämlech net mat hirem sozialistesche Partner averstanen, fir militärescht Material an d’Ukrain ze schécken. Et misst een no enger diplomatescher Léisung sichen. Méi Krich wier do keen Auswee, heescht et vu Podemos. D’Kritik huet net laang op sech waarde gelooss, a Podemos gouf beschëllegt, dem Vladimir Putin no ze stoen. D’Rumeur, datt de russesche President seng Fangeren an der spuenescher Politik soll hunn ass iwwerdeems net nei. Änlech Beschëllegunge goufen et an der Politik, mee och vu Säite vu verschiddene Medien an de leschten Deeg dann op en Neits erëm méi, dat och géint déi rietsextrem Vox a géint déi katalanesch Onofhängegkeetsparteien. Dem Vladimir Putin säin Zil wier an alle Fäll dat selwecht: Spuenien, an am Endeffekt ganz Europa, politesch ze splécken an ze destabiliséieren.

D’Hannergrënn iwwert de Krich an der Ukrain kuerz erkläert

Back to Top
CIM LOGO