
Dat well och si staark betraff si vum Coronavirus. Iwwer 34.800 Leit sinn an der Belsch positiv op de Covid-19 getest ginn an iwwer 4.800 Leit sinn dru gestuerwen.
De Confinement an der Belsch geet mol nach sécher bis den 3. Mee. Och wann d’Infektioune mam Virus erofginn, ass een nach ëmmer an engem aussergewéinlechen Etat de crise huet d‘Premierministesch Sophie Wilmès e Mëttwoch matgedeelt. Et wier och elo net, fir ze maachen, wéi wann alles eriwwer wier, et ass een nach ëmmer voll dran an et ass wichteg, d’Mesures de Base weiderhi konsequent ze respektéieren. Et wier een nach net op deem Punkt ukomm, wou een alles kéint op déi labber Schëller huelen. Allerdéngs dierfte Gäertnereien a Bauheiser nees opmaachen, wann d’Mesurë respektéiert ginn.
Alleguer d’Festivallen, déi grouss Massen unzéien, sinn alleguer annuléiert bis den 31. August. D’Unien an d’Schoulen hu jo och komplett zougemaach. Wat ee bis elo weess, ass, datt d’Examen op den Universitéiten, déi vu Mëtt Mee bis Enn Juni sollte sinn, och net op de Campusse selwer gehale ginn, mä alleguer op Distanz. Allerdéngs weess ee fir d’Primärschoule fir de Moment awer nach guer näischt. Et géing ee sech als éischt mat Experten auserneesetzen, éier een iergendeng oniwwerluechten Decisioun huele wëll. Ënnert anerem sollen d‘Leit Masken undoen, zum Beispill selwer gemaache Masken aus Stoff. Dëst wier eng vun den Haaptmoosnamen, fir méi no un d‘Strategie de Déconfinement ze kommen. Awer natierlech geet just eng Mask net duer, et soll ee sech och weiderhin un d’Hygiènes-Mesuren halen.
Virun allem fir Leit, déi a Fleegeheemer oder an Altersheemer liewen, ass dës Pandemie ganz schwéier. Si sinn doduerch bëssen ofgeschott an dierfe guer kee Besuch méi kréien. Virun allem sinn dës néideg Mesurë jo geholl ginn, well och an der Belsch vill Altersheemer vum Coronavirus betraff sinn. Elo ass et esou, datt déi Concernéiert sech dierfen eraussichen, wie se vun hirer Famill wëllen op Besuch kréien, dëst soll dann ëmmer jeeweils eng Persoun sinn an och ëmmer déi selwecht, déi op Besuch kommen dierf. Ënner anerem soll si natierlech dann och an de leschten zwou Woche keng Symptomer gewisen hunn.
Wéi och zu Lëtzebuerg ginn d’Leit an der Belsch bestrooft, wa se sech net un d’Reegelen halen. Allerdéngs ass et zu Anderlecht zu engem ganz trageschen Accident komm. E jonke Mann war mat sengem Scooter ënnerwee an huet probéiert, der Policekontroll aus dem Wee ze goen an ass geflücht. Kuerz duerno ass hien an een anere Policewon geknuppt. De jonke Mann ass op der Plaz gestuerwen. De leschte Weekend waren dowéinst gréisser Opstänn zu Bréissel, et gouf randaléiert a Policeween sinn zerstéiert ginn.
