
Den UN-Sécherheetsrot ass “déif besuergt” iwwer de Krich. E stellt sech hannert d’Friddensefforten vum UN-Generalsekretär António Guterres. D’Deklaratioun gouf unanime vun deem Gremium ugeholl, och vu Russland. An deem kuerzen Text ginn d’Begrëffer “Krich”, “Invasioun”, “Konflikt” an och déi russesch Variant “speziell Militäroperatioun” net genannt.
Den UN-Generalsekretär huet sech als erliichtert gewisen, dass de Sécherheetsrot eng éischte Kéier mat enger Stëmm iwwer de Krich geschwat huet. Och wann den Accord an Diplomatekreesser als dee schwächste Statement ugesi gëtt, dee méiglech war.
Russland hat no sengem Amarsch an d’Ukrain all déi méiglech Aktiounen vum Rot am Kontext vum Krich mat senger Vetomuecht blockéiert.