
D’Preparative fir esou eng Konferenz géife Russland no op Héichtoure lafen. Duerno soll iwwert een Dokument, wat esou eng Mesure virgesäit ofgestëmmt ginn.
Ee konkreten Datum steet awer nach net.
Wéi de Porte-Parole vum Kreml erkläert huet, géif dat Ganzt op eng Initiativ vum franséische President Emmanuel Macron zeréckgoen.
E puer Konfliktparteien hätte schonn, nom Opruff vum UNO-Generalsekretär Antonio Guterres, dorobber verzicht, op Waffen zeréckzegräifen, zum Beispill am Yemen. Allerdéngs leeft do déi Trêve vun zwou Wochen deemnächst aus.
