
Münchener Oktoberfest ass wäit iwwert déi däitsch Grenzen ewech bekannt: Béier, schéi Fraen an eng gutt Stëmmung vu mëttes bis owes spéit. Dat weltberüümte Volleksfest kéint dëst Joer allerdéngs ausfalen. Am Laf vun den nächsten 2 Woche soll entscheet ginn, ob d’Oktoberfest annuléiert oder méiglecherweis op e spéideren Datum verréckelt gëtt.
De Ministerpresident vu Bayern, de Markus Söder, weist sech am Interview mam Bayerischen Rundfunk skeptesch. Mat Bléck op déi aktuell Lag kéint hie sech net virstellen, dass esou eng grouss Veranstaltung zu deem Zäitpunkt méiglech ass. Zesumme mam Buergermeeschter vu München, dem Dieter Reiter, wäert sech de Söder deemnächst beroden an no Léisunge sichen. Alt ze positiv agestallt ass hien awer net a mengt, dass et éischter onwarscheinlech ass, dass d’Wiesn 2020 wäerte stattfannen.
E Mëttwoch hat déi däitsch Regierung annoncéiert, all grouss Manifestatioune bis den 31. August ze verbidden. Geplangt ass d’Ouverture vum Münchener Oktoberfest fir den 19. September.
