Wiesn 2020Oktoberfest zu München wäert wéinst Coronavirus ofgesot ginn

RTL Lëtzebuerg
Wéi d'Bild-Zeitung schreift, soll en Dënschdeg offiziell matgedeelt ginn, dass déi weltbekannte Kiermes dëst Joer net wäert stattfannen.

All Joers op en Neits fänkt d’Oktoberfest den um éischte Samschdeg nom 15. September un an zielt méi wéi 6,4 Millioune Gäscht.

E Mëttwoch gouf vun der Bundeskanzlerin Angela Merkel zesumme mat alle Ministerpresidenten entscheet, sämtlech gréisser Manifestatiounen an Däitschland bis den 31. August z’annuléieren.

Back to Top
CIM LOGO