Ma Unzeechen drop, dass eng dauerhaft Wafferou zustane kéint kommen, ginn et weiderhi keng. Kiew verwerft och d’Konditioun vu Moskau: Evakuatioune vun Zivilisten nëmmen zouzeloossen, wann d’Leit a Belarus oder a Russland flüchten.
Méi wéi 1,7 Milliounen Awunner vun der Ukrain hunn hir Heemecht bis ewell an den 12 Deeg Krich verlooss. Sollt déi russesch Invasioun nach laang undaueren – an d’Zäit spillt definitiv zugonschte vu Moskau – dierft d’Zuel vun de Flüchtlingen um Enn bei méi wéi 5 Millioune leien. Zu Brest, am fréiere Brest-Litovsk, a Belarus, do, wou den Traité ënnerschriwwe gouf, deen zum Enn vum Éischte Weltkrich gefouert hat, sëtzen Ukrainer a Russen elo haut erëm zesummen. Aus ukrainescher Siicht ass et “onmoralesch an inacceptabel” dass Russland just Evakuatiounsroutë fir Ziviliste well fräiginn, déi a Russland oder Belarus erauskommen – deemno op fir déi Leit feindlechem Territoire. Doriwwer eraus freet d’Ukrain – bis elo och ëmsoss – eng Wafferou op prezise Korridoren an d’Krichsregioun eran, fir humanitären Hëllefsorganisatiounen et z’erlabe sech ëm Fraen a Kanner ze këmmeren.
Gläichzäiteg kommen awer och permanent Leit aus der ganzer Welt an der Ukrain un. Si reesen an, fir sech an engem Fräiwëllege-Batailloun der ukrainescher Arméi unzeschléissen – verschiddener hu Militärerfarung, anerer net. Och Leit mat medezinesche Formatioune gi gebraucht. Iwwer 16.000 sinn der bis ewell ukomm a komme geschwënn an den Asaz.
D’Haaptnoriicht zu Kiew haut war awer eng Hochzäit vun zwee Reservisten, déi zwar schonn iwwer 20 Joer zesumme sinn, mee elo wier eegenen Aussoe no fir si den Ament komm dat ganzt dann a Presenz vu Komeroden duerchzezéien a sech virun engem Militärkaploun Jo ze soen.
Russland huet eng Wafferou annoncéiert, fir humanitär Korridoren opzemaachen. Concernéiert dovu wieren d’Stied Kiew, Mariupol, Charkiw a Sumy. Déi humanitär Situatioun an de Stied, déi vun de Russen agekesselt sinn, wier katastrophal. De franséische President Macron hat esou humanitär Korridore gefrot. Hien hat en Donneschdeg nees mam Wladimir Putin telefonéiert. De russesche President huet do ënnerstrach, datt d’Offensiv weider geet bis d’Ukrain entmilitariséiert wier. Datt dat russescht Militär op Ziviliste géif schéissen, wier gelunn.
Iwwerdeem huet d’Ukrain déi russesch Korridore kritiséiert, well d’Leed vun de Mënsche genotzt géing ginn, fir déi “gewënscht TV-Biller ze kréien”. Dat schreift de Spriecher vum President Selenskyj. De russesche Virschlag géing nämlech just Fluchtweeër virgesinn, déi a Richtung Russland a Belarus ginn. Déi zwee Länner, déi un der Invasioun vun der Ukrain bedeelegt sinn. Fir Kiew sinn dës Korridoren “keng akzeptabel Optioun”.
Donieft reprochéiere sech béid Säit géigesäiteg, d’Wafferou net ze respektéieren. D’Kämpf wieren op alle Fall op verschiddene Plaze virugaangen déi lescht Stonnen. D’ukrainesch Rettungsdéngschter hunn ënnert anerem gemellt, datt beim Bombardement vun engem Fluchhafen 200 Kilometer Süd-westlech vu Kiew 9 Persounen ëm d’Liewe koumen.
D’Humanitär Korridore fir Zivilisten ze evakuéieren, respektiv eng Wafferou dofir decidéieren, dat ass och de But vun enger weiderer Gespréichsronn um Méindeg tëscht russeschen an ukrainesche Vertrieder. Fir déi 3. Verhandlungsronn sinn d’Delegatiounen aus Russland an der Ukrain nees am Belarus beieneen. Dat mellt d’Noriichtenagence Reuters. Virop hat allerdéngs de Chefberoder vum ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj op Twitter annoncéiert, datt d’Gespréicher net méi un der Grenz tëscht Polen a Belarus sollte sinn, mä zu Ankara an der Tierkei.
Et gëtt awer och gefaart, datt d’russesch Bombardementer méi intensiv ginn, wann d’Zivilisten aus de Stied eraus sinn.
An der Nuecht op e Méindeg scho gouf déi zweetgréisste Stad an der Ukrain, Charkiw, massiv bombardéiert. Journalisten op der Plaz mellen, datt ënnert anerem och Wunnquartieren, Schoulen a Sportkomplexer getraff goufen. Ganz schwéier Gefechter gouf et och ronderëm Kiew. Hei gëtt sech och nach eng gréisser Attack erwaart. Russesch Truppe géifen dofir ronderëm d’Haaptstad zesumme gezu ginn.
Iwwerdeem mellt den Internationale Comité vum Roude Kräiz um Méindeg, datt de Korridor zu Mariupol verminnt gewiescht wier. Deemno hätt en d’Evakuéierung hei ofgebrach.

Den Ukrain-Krich ass vun dësem Méindeg un och e Sujet um Internationale Geriichtshaff zu Den Haag. D’Ukrain huet eng Plainte géint Russland gemaach, wéinst Genozid. Et geet jo ëmmer méi dacks Rieds dovunner, datt Russland d’Mënscherechter net géif respektéieren.
D’russesch Arméi géif express Zivilisten attackéieren, fir d’Moral vun den Ukrainer ze briechen. Dem amerikaneschen Ausseminister Blinken no, géif et credibel Beweiser dofir ginn. Donieft hu Journaliste vun der “New York Times” op Video festgehalen, wéi Granaten op Zivilisten zu Kiew gefall sinn.
An am Weltsécherheetsrot vun de Vereenten Natiounen zu New York gëtt um Méindeg déi humanitär Situatioun an der Ukrain diskutéiert, dat an enger Drénglechkeetssëtzung. Um Dësch läit och eng franséisch-mexikanesch Resolutioun. Dës fuerdert, datt direkt opgehale gëtt mat kämpfen an humanitär Hëllefsfgidder kënne geliwwert ginn. Datt d’Resolutioun ugeholl gëtt, gëllt als onwarscheinlech, well Russland e Vetorecht huet.
Wéi et schéngt, huet déi ukrainesch Atom-Surveillance keen direkte Kontakt méi mam Atomkraaftwierk Schaporischschja. Déi stäerksten Atomzentral an Europa ass ënnert der Kontroll vu russeschen Zaldoten. Déi international Atom-Energie-Agence weist sech extrem besuergt.
Den Hacker-Kollektiv Anonymous huet eegenen Aussoen no, ënnert anerem d’russesch Staatstëlee a russesch Streaming-Plattforme gehackt, fir Biller vum Krich an der Ukrain amplaz den normale Programm ze weisen. Wéi laang d’Interventioun gedauert huet, ass net gewosst.
Wéinst der russescher Invasioun an der Ukrain ass de Pëtrolspräis elo esou héich ewéi zanter 2008 net méi. Mat Amenter louch de Barrel-Brent bei gutt 139 Dollar. Zanter dem Ufank vum Krich ass de Pëtrolspräis ëm en Drëttel méi deier ginn.
D’Europäesch Unioun wëll déi ukrainesch Demande fir Member ze ginn, préiwen. D’Ambassadeure vun den EU-Länner si sech doriwwer eens ginn, datt d’Unioun eng éischt Stellungnam zum Kandidate-Status soll ofginn. Och d’Ufroe vu Georgien a Moldau sollen analyséiert ginn.
Iwwerdeem diskutéieren d’EU an d’USA den Ament driwwer, ob een Energie-Importer aus Russland kéint stoppen oder limitéieren. Den däitsche Kanzler Olaf Scholz seet an deem Kontext, datt déi fossil Energie, déi aus Russland kënnt, essentiell fir den Alldag vun de Bierger wier. D’Versuergung vum Kontinent kéint den Ament net op eng aner Manéier assuréiert ginn.
Fir den US-Ausseminister wieren déi westlech Sanktioune géint Russland schonn däitlech ze gesinn. De Rubel wier am fräie Fall, d’Bonitéit vu Russland wier praktesch op Null an d’Bourse wier zou. Dobäi géinge ganz vill Firme Russland de Réck dréien, sou den US-Politiker bei enger Visitt a Litauen.
