Iwwer 10.000 Doudeger elo a SpuenienOp der ganzer Welt schéissen d'Infektiounszuelen an d'Luucht

RTL Lëtzebuerg
Geschwë wäerten, den offizielle Chifferen no, méi wéi 1 Millioun Mënsche positiv op de Coronavirus getest gi sinn.

Neien Hotspot sinn iwwerdeems d’USA. Méi wéi ee Fënneftel vun de weltwäiten Infektioune goufen an de Staate registréiert. Dem leschten Update no waren et der 215'000. Am Verglach: China – do wou de Virus jo ausgebrach ass - mellt bis ewell 81'000 Infektiounen.

De Kontinent, deen am stäerkste betraff ass, ass awer nach ëmmer Europa. Bal d’Hallschent vun de weltwäit registréierten Infektiounen gouf et hei.

E Chiffer dee wäit méi erféiert, ronn 70% vun de Corona-Doudesfäll déi bis ewell ze notéiere waren, goufen et an Europa.

Besonnesch déi italienesch Zuelen sinn do ervirzehiewen. Am EU-Land si bis ewell méi ewéi 13'000 Mënschen um Virus gestuerwen, bei 110'000 festgestallten Infektiounen. Dat mécht den Ament e Mortalitéitstaux vu bal 12%.

Wärend d’Lag sech an Italien ze stabiliséiere schéngt ass Spuenien den Ament matten um Héichpunkt vun der Infektiounswell, mat e Mëttwoch nach emol méi ewéi 8.000 neie Fäll. A Spuenien gëtt et entretemps iwwer 10'000 Doudesaffer. An de leschte 14 Stonnen sinn 950 Mënschen gestuerwen, sou vill wéi nach ni virdrun zanter dem Ufank vun der Pandemie. Dat huet de Santésministère matgedeelt. An engems klëmmt awer d’Zuel vun de Patienten déi geheelt sinn och op en neie Rekord. Zanter e Mëttwoch goufe bal 4100 Patienten erfaasst déi neess gesond sinn.

Spuenien huet am Mäerz wéinst dem wirtschaftlechen Impakt vun der Corona-Pandemie méi wéi 302.000 méi Chômeure bannent engem Mount registréiert. Déi Zuel huet den Aarbechtsminister matgedeelt. Der spuenescher Press no, handelt et sech ëm déi schlëmmsten Hausse an de Statistiken déi et jee gouf. De Lockdown bremst déi wirtschaftlech Aktivitéit massiv. All Entreprisen déi net essentiell sinn sinn den Ament zou.

Lëtzebuerg huet jo 2319 Infektiounen, d’Courbe ass déi lescht Deeg bësse méi flaach ginn, wat positiv ass.

Par Rapport zu der Awunnerzuel steet de Grand-Duché am weltwäite Verglach net gutt do, wat ënner anerem un der Gréisst vum Land an un der héijer Zuel un Tester dierft leien. Stierffäll gëtt et der bis ewell 29 hei am Land.

An Osteuropa gëtt et am Verglach wéineg Fäll.

An Asien schéngt d’Lag entretemps och besser am Grëff. China huet um Donneschdeg de Moie grad emol 35 Neiinfektioune gemellt a 6 Doudeger. All d’Fäll si bei Leit opgedaucht déi a China agereest sinn, heescht et vun den Autoritéiten. Zanter Woche schwätzt China just nach vun importéierte Fäll. Wéi vill Leit am Land getest ginn, bleift weider e Geheimnis.

A Südkorea waren et 89 nei Infektiounen.

Wat nach opfält ass, datt d’Südhallefkugel – op d’mannst den Ament nach – vill manner staark betraff ass.

Bis ewell gëlle ronn 200'000 Leit offiziell als geheelt. Méi ewéi 47.000 Mënsche sinn um Coronavirus gestuerwen.

Back to Top
CIM LOGO