Attack als "Gebuertsdagskaddo fir Putin"Op d'mannst 25 Doudeger an iwwer 100 Blesséierter

AFP, iwwersat vun RTL
Et war eng vun de gefaarte combinéierten Attacken. Russland huet Ziler an der Ukrain mat Missillen, ballistesche Rakéiten a Kampfdronen attackéiert.
Rescuers work outside a damaged five-story residential building following a Russian drone attack in Kyiv on October 7, 2026, amid the Russian invasion of Ukraine. (Photo by Vladyslav Musiienko / AFP)
Kiew gouf op en Neits Zil vu russeschen Attacken.
© AFP

Russland huet d'Ukrain eng éischte Kéier dësen Hierscht mat enger gefaarter combinéierter Attack mat ballistesche Rakéiten, Missillen a Kampfdronen ugegraff. D'Ukrain mellt vill Doudeger, Dosende Blesséierter an uerg Schued. De President Selenskyj huet vun op d'mannst 25 Doudegen iwwer 100 Blesséierte geschwat.

Eleng an der Stad Pryluky koumen op d'mannst 19 Leit ëm d'Liewen a 55 weiderer goufe blesséiert. Ënnert den Doudege wieren och fënnef Kanner, fënnef weider Kanner wiere blesséiert ginn. An der Stad ronn 120 Kilometer vu Kiew ewech wier en Appartementshaus iwwer fënnef Etagë getraff ginn. Ënnert de Stécker kéinten nach Leit sinn.

Aus Krementschuk goufe 47 Blesséierter no enger russescher Dronenattack gemellt. Zu Kirowohrad sinn zwee Leit bei enger Attack op e Betrib gestuerwen. Dräi Leit wieren dobäi blesséiert ginn.

Attack als "Gebuertsdagkaddo fir Putin"

Den ukrainesche President nennt d'Attack e "Gebuertsdagskaddo fir de Putin". De Kremlchef gouf e Mëttwoch 74 Joer al. Den Datum fält zesumme mam 20. Doudesdag vun der kremlkritescher Journalistin Anna Polikowskaja, déi 2006 zu Moskau ermort gouf.

Haaptzil vun de russeschen Attacke wier d'Energieinfrastruktur gewiescht, schreift de Selenskyj op X. D'Ukrain fäert, datt Russland wéi déi lescht Wanteren dorop ziilt, d'Energieversuergung ze zerstéieren. De russesche Militär huet vun Attacken op Produktiounsplaze vum Rakéiten- an Droneproduzent Fire Point zu Kiew an anere Stied geschwat.

Vill Explosiounen zu Kiew

D'ukrainesch Haaptstad war dem Selenskyj no Fokus vun de massive Loftattacken. Moies ware vill Explosiounen ze héieren. "D'Rakéite sinn eng no der anerer ageschloen. Souwäit ech ziele kann, waren et op d'mannst zéng bis zwielef Explosiounen", sot ee Reporter vu Kiy Independent.

De Buergermeeschter Vitali Klitschko huet vun op d'mannst zwee Doudege geschwat. Si wieren ënner Stécker vu Garagë fonnt ginn. Zwee weider Leit wieren do lieweg gebuerge ginn. Am Quartier Obolon wiere Gebaier getraff ginn, déi net als Wunnenge genotzt ginn.

Back to Top
CIM LOGO