Tel AvivOp d'mannst 43 Blesséierter bei Protester

RTL Lëtzebuerg
Méi wéi 10 Persoune goufen duerch Schëss blesséiert.
© AFP

Zu Tel Aviv koum et e Samschdeg bei Protester vun Eriträer zu Gewalt tëschent Police an Demonstranten an tëschent regierungskriteschen a regierungsfrëndlechen Demonstranten.

Dosende Mënsche goufe blesséiert, op d’mannst 43 goufen am Spidol behandelt, dorënner méi wéi 10 Persounen, déi duerch Schëss blesséiert goufen. Si wieren zum Deel schwéier verwonnt.

D’Police huet confirméiert, datt mat schaarfer Munitioun geschoss gouf an Dosende Leit festgeholl goufen. E puer Honnert Géigner vun der eritreeëscher Regierung hate sech virun enger Hal am Süde vun Tel Aviv versammelt, fir géint e Pro-Regierungsevenement ze protestéieren, dat vun der eritreeësche Ambassade organiséiert gouf. D’Police hätt de Protest als illegal erkläert an ordonéiert d’Plaz ze raumen, wouropshin der Police no mat Steng an Holzbrieder geschoss gi wier an et zu Vandalismus komm wier. 27 Beamte wiere blesséiert ginn.

Back to Top
CIM LOGO