Amnesty InternationalOp d'mannst 657 Mënsche goufen zejoert higeriicht

RTL Lëtzebuerg
En Dënschdeg de Moien huet Amnesty International e Rapport iwwert Exekutiounen aus dem Joer 2019 publizéiert.
© RTL-Archiv

Amnesty International / Rep. C. Kollwelter

Am Verglach zu 2018 wier d’Zuel un Hiriichtungen erofgaangen, a Saudi-Arabien, Irak, Südsudan a Jemen hätt Amnesty International awer eng däitlech Hausse festgestallt. De saudiarabeschen Autoritéiten no wieren zejoert esou vill Mënsche wéi nach ni bannent engem Joer an hirem Land exekutéiert ginn, nämlech 184 Persounen. Am Irak huet sech d’Zuel bal verduebelt: 2018 waren et der 51, ee Joer méi spéit op d’mannst 100.

Vu virzejoert op zejoert huet sech am Iran un den Zuelen net vill verännert: 2018 goufen 253 Ugekloter higeriicht, 2019 waren et der 251. Véier vun hinne waren zum Zäitpunkt vun der Exekutioun nach mannerjäreg.

De Schätzunge vun Amnesty International no wieren a China dausende Leit higeriicht ginn. Dat wieren der méi wéi am Rescht vun der ganzer Welt. Offiziell Zuelen hunn déi chineesesch Autoritéiten net erausginn.

Amnesty International huet am Laf vum vergaangene Joer 2.307 Doudesurteeler a 56 ënnerschiddleche Länner registréiert.

PDF: Rapport vun Amnesty International

Back to Top
CIM LOGO