
Si reprochéiert dem Premier Boris Johnson, de Leit express Angscht viru méiglechen Onrouen a Protester ze maachen, sollt et Enn Oktober awer net zu engem Brexit kommen. Iwwert dee Wee kéint hien den Noutstand deklaréieren an eng Verlängerung vum Brexit-Delai evitéieren.
Vun e Sonndeg un bis e Mëttwoch ass dee warscheinlech leschte Parteidag vun den Tories virum 31. Oktober. Hei soll iwwert hir Brexit-Politik diskutéiert ginn. Knapp fënnef Woche virum geplangten EU-Austrëtt schéngt et an de Gespréicher tëscht London a Bréissel ëmmer nach kaum Fortschrëtter ze ginn.