
Am Universitéitsspidol zu Bern wéilt een d’Etüden an d’Autorisatiounen esou séier wéi méiglech absolvéieren. Och d’Inspektioun fir Medezin Swissmedic huet erkläert, datt Gespréicher an deem Sënn gefouert goufen. Et wier eng optimistesch Zäitschinn, mä keng absolut onrealistesch, esou Swissmedic.
Och op der brittescher Insel ass een am gaangen un engem Vaccin ze fuerschen. Hei solle vun en Donneschden un op der Oxford Universitéit, d’Substanzen u Mënsche getest ginn. Dat huet de brittesche Gesondheetsminister annoncéiert. De méigleche Vaccin soll elo un bis zu 510 Persoune getest ginn, déi tëscht 18 a 55 Joer al sinn.
