
Dëse Parteidag war e Samschdeg an en war kloer: all Walberechtegten huet fir den Nehammer gestëmmt. E Samschdeg am Nomëtteg gouf de Karl Nehammer um Parteidag vu senger riets-konservativer Partei ÖVP mat 100 Prozent gewielt. Domat huet den Nehammer all 524 méiglech Stëmme kritt an ass elo also offiziell Chef vun der ÖVP. Traditionell sinn des Walen zwar ëmmer héich, mee honnert Prozent huet bis elo nach kee kritt.
No de Korruptiounsvirwërf waren de fréiere Chef a Bundeskanzler Sebastian Kurz an eng ganz Rei vun Ministeren zréckgetrueden. Déi turbulent Deeg an d’Virwërf aus der Justiz hunn der ÖVP geschuet. Mat engem Resultat vun 100 Prozent Zoustëmmung wëll een um Parteidag demonstrativ Unitéit weisen.
Fir vill Spekulatiounen hat am Virfeld dem Sebastian Kurz seng Presenz um Parteidag gesuergt. Divers Zeitungen hunn sech souguer gefrot, ob dat elo säi Comeback géif ginn. Ugangs sollt de Kurz eng Ried halen, dat gouf dunn allerdéngs corrigéiert an sou huet hien sech op der Bün interviewe gelooss. Dem Karl Nehammer wënscht hien zum Schluss nach alles Guddes.
Dësen hat virun der Ofstëmmung eng Grondsazried vun enger Stonn gehalen. Ëmmer rëm huet en betount, wéi geschloss d’Partei wier an huet och däitlech Wierder fir seng Kritiker fonnt. Weider Theme ware grouss Reformen am Fleege-Secteur, den Ausstig aus fossillen Energië mat Hëllef vun engem sougenannten “Transformationsfonds” an dass een an der Migratiounspolitik weiderhi bei der haarder Linn bleiwe wäert.
Mat dësem offizielle Wiessel un der Spëtzt ass awer, entgéint der Inzenéierung vum Parteidag am Endeffekt net vill geschitt. De schaarfen Toun vum Karl Nehammer géint d’Oppositiounsparteie war zwar nei, mee wäert an den nächste Méint net duergoen, wann d’Koalitioun aus ÖVP an de Gréngen an Éisträich wierklech bis 2024 well wieder regéieren.
Vu Wien de Pol Edinger fir RTL Lëtzebuerg.