
“Mir sinn a Kontakt mat den algereschen a marokkaneschen Autoritéiten. De Parquet ass informéiert”, heescht et vu Paräis.
Marokkanesch Medien hate gemellt, datt zwee franko-marokkanesch Touriste vun der algerescher Garde Côte erschoss goufen, well si mat Jetskien an hirem Territoire ënnerwee waren. Geschitt ass d’Dot un der Grenz tëscht béide Länner, net wäit ewech vu Saidia, engem marokkaneschen Touristenhotspot. “Mir wossten, datt mir an Algerien waren, well e schwaarzt algerescht Schlauchboot op eis zoukomm an eis ëmgeheie wollt”, zitéieren d’Medien de Mohammed Kissi. “Dunn hu se op eis geschoss”. Säi Brudder an e Kolleege wieren dobäi ëmkomm. E weidere Frënd wier vun den Autoritéite verhaft ginn. Hie selwer wier vun der marokkanescher Garde Côte opgegraff ginn. “Mir haten eis verfuer a mir hate kee Bensinn méi”.
Vu Frankräich koum bis ewell keng Confirmatioun vun engem zweeten Doudegen a weder Algerien nach Marokko hu bis ewell eppes zum Virfall matgedeelt. D’Bezéiungen tëscht béide Länner si scho Joerzéngtelaang ugespaant, et gëtt Sträit ëm d’Regioun Westsahara. Wärend dës fir Marokko zu hirem Terrain gehéiert, gëtt et eng Onofhängegkeetsbeweegung, déi sech vum Land ofsetze wëll. Ënnerstëtzt gëtt dës vun Algerien. D’Grenz tëscht béide Länner ass zanter 1994 zou. Algerien huet 2021 all d’Bezéiunge mat Rabatt ofgebrach, nodeem een den Nopere “feindlech Handlungen” virgeworf hat. Fir Marokko waren dës Virwërf net gerechtfäerdegt.