
D’Regioun ronderëm Paräis ass besonnesch uerg vum Virus betraff. D’Ouschtervakanz huet leschte Weekend och ugefaangen an, well vill Leit net kënne fortfueren, hu si sech déi leschten Deeg dobaussen opgehalen, ware spadséieren oder och joggen.
Well sech dowéinst ze vill Leit am ëffentleche Raum opgehalen hunn, goufen d’Mesuren elo verschäerft. Déi nei Reegel gëllt vun e Mëttwoch un. Dat heescht, déi Zäit am Dag, an där vill Leit an de Stroosse sinn, soll een a senger Wunneng bleiwen. Virun 3 Wochen ware schonn all Parken zougemaach ginn.
A ganz Frankräich gëllt iwwerdeems eng Ausgangsspär, wou een u sech just eraus dierf fir schaffen ze goen, fir bei den Dokter ze goen, fir akafen ze goen oder fir Sport ze maachen.
