
Etüden aus Frankräich, China an den USA kommen zu der Konklusioun, dass Fëmmerte manner vum Coronavirus betraff sinn, wéi Leit, déi net fëmmen.
Wéi France-Inter mellt, hätt ënnert anerem eng grouss Etüd vum Pitié Salpêtrière-Spidol zu Paräis dëst elo bewisen. Och de weltwäit unerkannten Neurobiologist Jean-Pierre Changeux betount, dass nëmme ronn 5% vun de Persounen, déi infizéiert wieren, Fëmmerte wieren. Hei muss een awer bedenken, dass 25,4% vun de Fransouse fëmmen.
Och eng chinesesch Etüd, déi Enn Mäerz am “New England Journal of Medicine” eraus komm ass, weist, dass nëmme ronn 12,6% vun den Infizéierte fëmmen, och hei Leit ee wäit ënnert dem Taux, deen z’erwaarde wier. A China fëmme ronn 28% vun de Leit.
Grond wier iwwregens net den Tubak a sech, mä de Nikotin, dee preventiv géint Covid-19 wierke géif. Et gëtt ugeholl, dass den Nikotin de Virus drun hënnert, an d’Zellen ze kommen.
De Jean-Pierre Changeux dozou: “L’idée est que la nicotine interfèrerait avec l’attachement du coronavirus sur le récepteur de la nicotine, et puisse donc s’opposer à la propagation du virus”.
Am Moment géif dann och scho mat Nikotin-Patchen experimentéiert ginn, dat u Patienten an um Gesondheetspersonal. Sou kéint een erausfannen, op dëst wierklech en Effekt hätt.
Et bleift awer z’ënnersträichen, dass dëst op kee Fall en Appell ass, fir unzefänke mat fëmmen. Et stierwen ëmmer nach méi Leit un de Suitte vum Fëmmen, wéi un der Longekrankheet. All Joer stierwe ronn 7 Millioune Leit weltwäit un de Konsequenze vum Tubak.
Mëtt Abrëll gouf dann och vun der WHO gemellt, dass Alkohol net géif hëllefen, fir de Virus ofstierwen ze loossen, dee sech am Mënsch festgesat huet. Hei de Statement vun der WHO.
