
Et ass eng Première, dass de Pëtrolspräis esou déif ass. Ausléiser ass d’Coronavirus-Pandemie, wouduerch d’Demande fir Pëtrol weltwäit ganz staark gefall ass an d’Produkter kaum nach gehandelt kënne ginn.
De Phenomen ass doduerch z’erklären, dass d’Pëtrolsproduzente musse fir Stockage-Capacitéite vu potentielle Keefer drop bezuelen, well déi eegen Tanke riskéieren, un der maximaler Stockage-Limitt unzekommen.
Trotz dem rezente, staarke Réckgank an der Produktioun vun den OPEC-Länner an och Russland ass den Ament méi Pëtrol disponibel, wéi d’Welt es aktuell nach brauch.
D’USA wëllen elo vun der Situatioun profitéieren, fir hir Stocken opzefëllen.
Och d’europäesch Referenzzort Brent, huet noginn, wann och manner staark. D’Faass Brent aus der Nordséi ass ëm bal 15% an de Keller gefall a läit elo bei 21,83 US-Dollar, sou déif, wéi zënter 17 Joer net méi.
Den Expert Edward Marshall vu Global Risk Management geet dovunner aus, dass déi aktuell Entwécklung alarmant fir déi Verantwortlech an der Uelegindustrie dierft sinn.
