Hien huet a Frankräich Moudedesign studéiert a kreéiert zanter e puer Joer skulpturell Broderien, déi sech mat der Natur an hirem Wandel auserneesetzen. A senger aktueller Ausstellung am MOB ART Studio zu Lëtzebuerg, weist hien elo ronn 10 vu senge rezentsten Aarbechten.
"The Poetry of Growth", d'Poesie vum Wuessen, ass den Titel vum Yanis Miltgen senger neister Ausstellung an der Stad. Ugefaangen, huet alles mat enger klenger bloer Skulptur, déi dem Kënschtler d'Iddi an de Kapp gesat huet, eng ganz Serie mat verschidde-faarwege Blummewierker ze kreéieren.
Hannert de verdreemte Wierker stécht immens vill Aarbecht, eng laang Recherche a vill Versich, fir dat richtegt Motiv an déi richteg Faarwen duerzestellen, erzielt de Yanis Miltgen:„Une fois, que j’ai un résultat, qui est probant, je dois répliquer la fleur dans la quantité nécessaire. Des fois, ça peut prendre jusqu’à six, huit, dix mois.“
De Yanis Miltgen schafft virun allem mat recycléiertem Material, sief et Léngen, Kotteng, oder Seid, déi hien zum Deel aus Textilatelieren zu Paräis kritt. Zënter engem Joer ass de Yanis Miltgen ausserdeem Deel vun der Associatioun "De Main De Maîtres", déi d'Fiat Lux zu Venedeg organiséiert huet. Deementspriechend war hien dëst Joer och an Italien mat dobäi, wou hien 3 ganz ënnerschiddlech Wierker ausgestallt huet, déi awer och all Blummen duerstellen.
D'Ausstellung "The Poetry of Growth" ass nach bis de 7. November am MOB ART Studio an der Stad ze gesinn.