
Wéi d’Police vun Orlando bekannt ginn huet, géif dëse Fall elo ënnersicht ginn.
Des Arrestatiounen hunn an den USA eng nei Debatte iwwert déi massiv Policepräsenz an de Schoulen ausgeléist. Bedéngt duerch déi reegelméisseg déidlech Schéissereien an amerikanesche Schoulen ass d’Zuel vun de Polizisten, déi d’Schüler protegéieren a géint Gewalt souwéi den Drogemëssbrauch an de Schoule solle virgoen, an de leschte Jore staark geklommen. A 46% vun all de staatleche Schoulen an den USA ass un op d’mannst engem Dag an der Woch ee Policebeamten am Asaz.
D’Stationéiere vu Polizisten an de Schoulen ass allerdéngs ëmstridden.