PolenPresident Duda kritiséiert Scholz a Macron a vergläicht Putin mam Hitler

RTL Lëtzebuerg
De polnesche President huet haart Wierder an engem Interview mat der däitscher Bild-Zeitung fonnt.

Fir den Andrzej Duda ass et irritéierend, datt de Bundeskanzler an de franséisch President trotz dem Ugrëffskrich an der Ukrain weider Kontakt mam russesche President Wladimir Putin hunn. “Ech sinn erstaunt iwwert all déi Gespréicher, déi da gefouert goufe mam Putin, haaptsächlech vum Kanzler Scholz a vum President Macron. Dës Gespréicher brénge guer näischt” esou den Duda. Dës Gespréicher géifen a sengen Aen éischter dozou féieren, datt de Putin, dee verantwortlech fir d’Verbrieche vun der russescher Arméi an der Ukrain ass, legitiméiert gëtt.

Fir de Putin huet de Staatschef vu Polen dann och en haarde Verglach fonnt. Den Andrzej Duda huet de russesche Staatschef mam “Adolf Hitler” verglach an huet Parallellen zu der NS-Zäit gezunn. Hei huet hien op en neits déi vill Gespréicher mam Wladimir Putin kritiséiert. “Huet iergendeen esou mam Adolf Hitler wärend dem Zweete Weltkrich geschwat? Huet iergendee gesot, datt den Adolf Hitler säi Gesiicht net verléieren dierf? Datt mir esou musse virgoe mussen, datt den Adolf Hitler net erniddregt gëtt? Ech hunn esou Stëmmen ni héieren”.

Och huet den Duda kritiséiert, datt bei de Gespréicher tëscht dem Putin mam Macron oder Scholz ni e Vertrieder aus der Ukrain mat dobäi war. “Menger Meenung no kann es zu kenge Gespréicher iwwert d’Käpp vun der ukrainescher Regierung ewech kommen.

Back to Top
CIM LOGO