No pro-palästinensesche ManiffenPresidentin vu Columbia University zu New York trëtt zréck

RTL Lëtzebuerg
No de massive pro-palästinensesche Protester op der New Yorker Columbia University am Fréijoer ass d'Presidentin Minouche Shafik zréckgetrueden.
© AFP

Wéi si e Mëttwoch an enger Mail, déi der Noriichtenagence AFP virläit, geschriwwe soll hunn, géing si bekannt ginn, datt et domat virum Ufank vum nächste Semester eng nei Direktioun kéint ginn.

D’Shafik, déi d’Direktioun vun der Uni am Juli 2023 iwwerholl hat, huet vun “Menacen” a “Beleidegungen” géint si, Kolleegen a Studente geschriwwen. Si hätt decidéiert, datt hire Récktrëtt et der Héichschoul erméigleche wäert, déi zukünfteg Erausfuerderunge besser ze meeschteren.

Am Fréijoer 2024 hat et un der Columbia University an aneren Universitéiten an den USA massiv pro-palästinensesch Maniffe ginn. D’Héichschoul gouf dofir kritiséiert, net decisiv genuch géint Antisemitismus virgaangen ze sinn a jiddesch Studenten net genuch geschützt ze hunn. Et gouf awer och Reprochen, d’Uni wier ze haart géint pro-palästinensesch Demoe virgaangen, andeem si d’Police geruff hat.

RTL-News: No Enn vu Protest op New Yorker Uni: Gewalt tëscht pro-palästinenseschen Demonstranten a Géigemaniff zu Los Angeles
RTL-News: Korrespondenz aus den USA: Antisemitismus op amerikaneschen Unien?

Back to Top
CIM LOGO