
De Büro géint Bedruch vun der europäescher Unioun, kuerz OLAF, reprochéiert der Marine Le Pen tëschent 2014 an 2017 - an hirer Zäit als Europadeputéiert - bal 140.000 Euro ënnerschloen ze hunn. Ëffentlech Sue vum Europaparlament zu Stroossbuerg.
Dat mellt den Internetsite “Mediapart” a präziséiert, datt dat aus engem Rapport ervirgeet, deen déi europäesch Autoritéite virun engem Mount un d’Justiz weiderginn hunn.
Vum Parquet zu Paräis heescht et, dee Rapport wier am Gaang analyséiert ze ginn. Dodra ginn iwweregens dräi weider fréier Europadeputéiert wéinst dem Detournement vu Sue beschëllegt, dorënner och de Jean-Marie le Pen, de Papp vun der Presidentschaftskandidatin.
Ronn 22.000 Fransousen hunn e Samschdeg iwwerdeems géint d’Le Pen an hir Politik demonstréiert, dat a verschiddenen Demoen uechter d’Land. Eleng zu Paräis huet d’Police e Samschdeg 9.200 Mënsche gezielt. Och eng Rei Organisatiounen, dorënner Greenpeace, hu sech de Maniffen ugeschloss. “Mir sinn hei, fir ‘Nee’ zu der extremer Rietser ze soen - fir d’Gesellschaft, fir eis Rechter, mee och fir d’Klima”, esou de Jean-François Julliard vu Greenpeace zu Paräis.
De 24. Abrëll, nächste Sonndeg also, trëtt den amtéierende liberale President Emmanuel Macron an enger Stéchwal géint déi rietsextrem Marine Le Pen un. Am éischten Tour krut den Emmanuel Macron 28 Prozent vun de Stëmmen, d’Marine Le Pen koum mat 23 Prozent op déi zweet Plaz.
Engem Sondage no gewënnt den Emmanuel Macron den zweeten Tour vun de Presidentielle mat 55,5 Prozent. D’Ëmfro gouf fir “France Info” an de “Parisien” gemaach. Déi rietsextrem Marine Le Pen kéim op 44,5 Prozent. Viru 5 Joer hat de President Emmanuel Macron sech mat 66 Prozent duerchgesat. Dem Sondage no, deen e Samschdeg publizéiert gouf, wäerten eng 73 Prozent vun de Wieler am zweeten Tour hier Stëmm ofginn.

Eng interaktiv Kaart weist Iech, wéi wéi en Departement gewielt huet.