
Den Ermëttlungen no soll e jonke Mann d’Déieren an der Däischtert mat de Phare vu sengem Auto geblent hunn. D’Zweebeener wieren doropshi matzen op der Strooss stoe bliwwen a vum Australier express iwwerrannt ginn.
Ënnert den doudege Kängurue waren zwee Klenger an dräi Mammen. De Mann muss sech elo wéinst Déierequälerei viru Geriicht veräntwerten. De presuméierte Känguru-Mäerder kéint zu enger Geldstrof vu bis zu 15.000 Euro an enger Prisongsstrof vu bis zu 5 Joer veruerteelt ginn.