Verbrieche géint JesidenPresuméierten IS-Jihadist zu Frankfurt viru Geriicht

Petz Bartz
6 Joer no de Verbrieche vum Islamesche Staat géint d'Minoritéit vun de Jesiden am Norde vun Irak war elo zu Frankfurt den Optakt vun engem Prozess.
Presuméierte IS-Jihadist zu Frankfurt viru Geriicht
6 Joer no de Verbrieche vum Islamesche Staat géint d’Minoritéit vun de Jesiden am Norde vun Irak war elo zu Frankfurt den Optakt vun engem Prozess.

Et ass ee Prozess, bei deem e presuméierte Member vum IS och wéinst Vëlkermord ugeklot ass.

E 37-Joer ale Mann, den Taha Al-J., steet zu Frankfurt viru Geriicht. Vëlkermord ass ee Punkt vun der Uklo, mee de presuméierte IS-Jihadist hätt och Sklave gehalen, dorënner eng jesidesch Mamm an hir 5-Joer-jonk Duechter. Den Ugeklote soll sech och wéinst dem Mord vun deem klenge Meedche veräntwerten.

Sollt d’Geriicht decidéieren, dass dat klengt Meedche gestuerwen ass, well et Jesidin war, wier d’Verbriechen dem däitsche Strofgesetz no e Genocide.

Parallel ass den Taha Al-J. och nach wéinst Mënschenhandel an der Memberschaft an enger terroristescher Vereenegung ugeklot. S

eng däitsch Fra Jennifer W. steet den Ament zu München wéinst IS-Verbriechen viru Geriicht.

Back to Top
CIM LOGO